D‘Coupe Scolaire ass dëst Joer rëm zu Gonnereng.


D‘Kanner aus dem 5. + 6. Schouljoer (cycle 4) stellen hiert Kënnen um Vëlo rëm ënner Beweis!


Rendez-vous ass am Schoulhaff zu Gonnereng.

Ab 9:30 kennen d‘Kanner sech aschreiwe kommen an hir Vëloen op der Platz kontrolléiere loossen (Pneuen, Bremsen,...). Vergiesst ären Helm net !!!

Ausserdeem kennen se alt schonn hiert Geschéck um Parcours probéieren (Biller op www.lvi.lu)


Um 10:00 fuere mer dann den Tour emol all zesummen of, ier dann een nom aneren muss weise wat e kann !


Wéi all Joer si mer och dëst Joer nees frou, op d‘Ënnerstëtzung vun den Eltere kennen ze zielen, déi eis beim Besetze vun de Kontrollposten eng Hand upeekt.


Hei de Plang vum Parcours:


Coupe scolaire

samschdes, den 4 Juni 2016